Aktualitéiten

Aktualitéiten

Léif Awunner vu Goussel, Lëntgen, Plankenhaff a Pretten

DI NEI EKIPP huet zanter dem leschte Summer intensiv zesummegeschafft an ënnert dem Slogan „dynamesch, sozial an nohalteg“ hu mir op eise Walveranstaltungen an Aktiounen mat Iech geschwat an e komplette Walprogramm fir d’Entwécklung vu Lëntgen ausgeschafft.

Fir déi Visioun zesummen mat Iech ëmzesetzen, brauch Lëntgen nieft enger performanter Administratioun an engem gutt geréierten techneschen Déngscht, awer och kompetent Leit am Gemengen- a Schäfferot.

DI NEI EKIPP ass eng oppe, faarweg Lëscht an eis 4 Kandidatinnen a 7 Kandidate bréngen ënnerschiddlech Erfarungen, fundéiert Fachwëssen a gesonde Mënscheverstand mat – also genau déi Kompetenzen, déi an enger moderner, zäitgeméisser Gemeng gefrot sinn.

Mir sinn zu 100% motivéiert a prett fir déi nei Erausfuerderungen an där nächster Legislaturperiod unzehuelen.

Wann Dir sécherstelle wëllt, datt eis Visioun fir Lëntgen kann ëmgesat ginn, da maacht e Sonndeg e Kräiz ganz uewen bei d’Lëscht 5 – DI NEI EKIPP.

Mir freeën eis drop fir mat Iech zesummenzeschaffen a soe villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung!

Mat dësem Post schléisse mir eis Walcampagne offiziell of. Wann Dir Iech nach informéiere wëllt, kënnt Dir gären e klenge Bléck an eise Walprogramm geheien -> www.nei-ekipp.lu  a selbstverständlech stinn d’Leit aus eiser Ekipp iech och weiderhin Ried an Äntwert.

Léif Leit aus der Gemeng Lëntgen.

E Sonndeg gëtt en neie Gemengerot gewielt an dir hat d’Geleeënheet de Parteien hire Walprogramm duerchzeliesen.

Hei wëlle mir iech e puer Iwwerleeungen an Argumenter mat op de Wee ginn, fir datt dir äre Choix ganz bewosst treffe kënnt ….

DI NEI EKIPP ass mam Slogan „dynamesch, sozial an nohalteg“ ugetrueden a wann dir eis suivéiert hutt, ass iech bestëmmt opgefall, datt eis ganz Walcampagne an de Walprogramm konsequent op dëse Slogan opbauen. Mir sinn der Meenung, datt een och virun de Wale weise ka, wéi een an deenen nächste 6 Joer am Dialog mat de Leit aus eiser Gemeng schaffe well.

Dofir si mir mat neien Iddien an enger ongewinnter Dynamik op iech zougaangen.

Dynamesch si mir, well mir hunn en neie Wand op Lëntgen bruecht: Den 22. Mäerz hu mir d’Kandidaten a Kandidatinne offiziell virgestallt an als éischt Ekipp e graffe Programm presentéiert fir datt dir vun Ufank u wësst firwat dir eis wiele sollt. Déi vill Leit, déi ganz positiv Resonanz an deen oppene Feedback, hunn eis an deene Wochen dono gehollef eise Walprogramm zesumme mat iech ze verfeineren a genau op Lëntgen a seng Awunner auszeriichten. Mir hunn eis Walversammlung net nëmmen am Veräinssall ofgehalen, mee si mat eiser Glacenaktioun „ON TOUR“ aktiv op iech zougaangen – hu mat de Leit zu Goussel, zu Pretten an zu Lëntgen geschwat an eise Walprogramm diskutéiert.

Och iwwert Social Media an eisen Internetsite, hu mir déi wichtegst Punkten aus eisem Programm a 4 Sprooche virgestallt a mat iech diskutéiert.

Den Ofschloss vun eiser Campagne fënnt den 8. Juni am Veräinssall statt, mee dir kënnt iech och bequem iwwert Zoom bäischalten a matschwätzen – är Stëmm ass eis wichteg!

Een Argument fir eis ze wielen: Di NEI EKIPP ass definitiv DYNAMESCH!

Eise Slogan „dynamesch, sozial an nohalteg“ hu mir ganz bewosst gewielt, well e steet fir eng Grondhaltung – net nëmmen haut, mee och deenen nächste Generatioune vis-à-vis. Respekt a Wäertschätzung vun alle Leit weise mir andeems mir jidderengem d’Geleenheet gi fir mat eis an d’Gespréich ze kommen – egal wéi eng Sproochen e schwätzt, egal wéi lang e schonns hei lieft, egal vu wou en ass. 

Am Walprogramm proposéiere mir z.B. fir e Kannergemengerot anzeriichten an zesumme mat deene Jonken d’Zukunft vu Lëntgen ze gestalten. Fir hinne lo schonns d’Gefill vun der Participatioun ze ginn, hu mir extra e Kanneratelier op eiser Walveranstaltung ugebueden an déi Kleng konnte ganz kreativ weise, wéi si sech Lëntgen an hir Zukunft virstellen. Och déi Erwuesse konnten dee Moment opschreiwe wat hinnen zu Lëntgen feelt, wat si verbessere wéilten a si konnten d’Themen aus dem Walprogramm och mat faarwege Sticker bewaerten. Dat ass fir eis geliewte Participatioun an dréit mat derzou bäi, datt déi Lëntgener Leit an d’Gespréich komme, sech kenneléieren an ee vun deem anere léiere kënnen. Nëmmen all zesumme si mer Lëntgen! 

Also nach en Argument fir eis ze wielen: Di NEI EKIPP ass definitiv SOZIAL!

D’Kandidaten a Kandidatinne vun DI NEI EKIPP si sech bewosst, datt ee vun de groussen Zukunftsthemen de Klimawandel ass an datt mir all zesummen aktiv musse ginn. Dofir ass d’Nohaltegkeet net nëmmen an eisem Slogan, mee och ganz konkret an eisem Walprogramm, ze fannen.

Eis Printprodukter sinn FSC-zertifiéiert an CO2-neutral zu Lëtzebuerg hiergestallt ginn.

Eng Kuerzversioun vun eisem Walprogramm gouf un all Haushalt verdeelt – di komplett Versioun fënnt een exklusiv online fir Pabeier ze spueren.

Mir hunn eis Walpanneaue bewosst op 10 kleng a 4 grouss Exemplaire limitéiert a spuersam opgestallt.

Wärend eiser Walcampagne hu mir bewosst keng Bic’er oder soss Plastik-Wegwerfprodukter verdeelt, mee de Leit e klengt Glas Hunneg aus lokaler Produktioun matginn.

Fir mat iech zu Goussel, zu Pretten a Lëntgen an d’Gespréich ze komme hu mir eis mam Velo deplacéiert a Glacen aus lokaler Produktioun ugebueden.

Mam Walprogramm hu mir iech eng kleng Titche Wëllplanze-Som verdeelt – domadder hëllefe mir all zesummen fir Lëntgen méi schéin ze maachen an ënnerstëtzen eis Natur nohalteg.

Léif Leit – dir wësst mir hu ganz kreativ Iddien – DI NEI EKIPP handelt lo schonns „nohalteg“ a schwätzt net nëmmen driwwer.

En Argument fir eis ze wielen: Di NEI EKIPP ass definitiv NOHALTEG!

https://www.yumpu.com/xx/embed/view/oDsbmZhp427fazGO


DI NEI EKIPP WALPROGRAMM COMPLETE VERSION LËNTGEN LËSCHT 5