eise Programm

eise Programm

Léif Matbierger,

D‘Gemeng Lëntgen ass an deene leschte Joren bestänneg gewuess an huet sech vill verännert. Zesumme wunnen aktuell ronn 3500 Leit, verdeelt op 80 Nationalitéiten  zu Goussel, zu Pretten, zu Lëntgen an um Plankenhaff. Ronn 300 Kanner ginn hei an d’Schoul an an d’Maison Relais – an eise Veräiner sinn iwwert 600 Leit aktiv an engagéiere sech op villen Niveauen. Fir dat alles ze geréiere kann d’Gemengepersonal op 25 Mataarbechter zeréckgräifen.

Lëntgen a seng Infrastrukture si „gutt“ gewuess, mee et kënnt elo drop u fir e gesond Gläichgewiicht  ze fannen tëscht weiderem Wuesstem a sech op dat ze besënne, wat Lëntgeneigentlech ausmécht a wat eis zesumme weiderbréngt. Mir wëllen dofir Hand an Hand mat alle Servicer schaffen an d‘Bierger konkret mat abezéien.

D’Erausfuerderungen deene mir eis stelle musse si parallel zu der Awunnerzuel gewuess, awer och ëmmer méi komplex a villschichteg ginn. Klimaschutz, Erhale vun der Natur, Zesumme-liewen, sozialen Zesummenhalt, Veräinsliewen, Mobilitéit, Urbanismus, Sécherheet an Digitaliséierung sinn nëmmen e puer Themen déi eis beschäftegen an et wäert eng Erausfuerderung si fir alles ënnert een Hutt ze kréien, sou datt et jidderengem Freed mécht zu Lëntgen, Goussel,  Pretten an um Plankenhaff ze wunnen.

An dem Sënn brauch Lëntgen nieft enger gutt geréierter Administratioun an engem performanten techneschen Déngscht, awer och kompetent Leit am Gemengen- a Schäfferot. “DI NEI EKIPP” ass eng oppe, faarweg Lëscht a besteet aus 4 Fraen a 7 Männer mat ënnerschiddlechen Erfarungen, Fachwëssen a genau deene Kompetenzen, déi an enger moderner, zäitgeméisser Gemeng gefrot sinn. Mir sinn zu 100% motivéiert a prett fir dës nei Erausfuerderungen unzehuelen an hunn dofir e villschichtege Walprogramm ausgeschafft, deen op 5 grouss Themen opgebaut ass :

Zesummeliewen zu Lëntgen
Klima, Ëmwelt an Energie
Kanner, Jugend a Famill
Mobilitéit, Wunnen an Urbanismus
Kultur, Sport a Veräinsliewen

Eenzel Iddien a Proposen déi mir hei maache, fanne sech eventuell an e puer Themeberäicher zréck – dat ass sou gewollt, well alles ass matenee vernetzt an hänkt zesummen.

Léif Bierger, dir hutt bestëmmt schonns gemierkt, datt eis Approche fir an de Wale matzemaachen erfrëschend aneschters a ganz dynamesch ass. Bei eise Manifestatiounen an Aktiounen ass de sozialen Echange wichteg, well dir stitt mat ären Iddien a Virstellungen am Mëttelpunkt. 
Mir verzichte bewosst op Bic’er an aner Gadgeten aus Plastik. Dës Broschür, eis Flyeren an eis Plakater sinn op nohaltegem, FCS zertifiéiertem Pabeier gedréckt a mir beschränken eis fräiwëlleg fir net ze vill Plakater opzestellen.

An dëser Broschür, déi dir grad an ären Hänn haalt, fannt dir e Resumé vun eisem Walprogramm an Dir wäert gläich feststellen, datt eise Slogan “dynamesch, sozial an nohalteg“ net aus der Loft gegraff ass, mee fir eis en zentralen Optrag ass fir Lëntgen an all seng Bierger no vir ze bréngen. Aus Grënn vun der Nohaltegkeet fannt dir den detailléierte Walprogramm am Downloadlink. (1)

DI NEI EKIPP Lëscht 5 Lëntgen Walprogramm

Mir freeën eis drop fir eise Programm mat Iech ze diskutéieren an hoffentlech zesumme mat Iech ëmsetzen ze kënnen!

(1) Mir denken an handelen nohalteg a stellen eise komplette Programm dofir just als PDF op eisen Internetsite.
Wann dir keng Méiglechkeet hutt fir eise Programm iwwert Internet ze consultéieren, kënnt dir eis gären um
Telefon +352 621 262 710 kontaktéieren oder eng Mail schecken op di.nei.ekipp@gmail.com a mir bréngen iech eng Pabeierversioun heem.

click down below fir download:

Komplette Programm LU

https://www.yumpu.com/de/embed/view/pc57AW1M6YEfqGkr
LU walprogramm_long_version_LU

Le programme complet en FR

https://www.yumpu.com/fr/embed/view/Yp9wDFObVN2m8yPs
FR programme électoral_long_version_FR_

Full election programme in English

https://www.yumpu.com/de/embed/view/l83DNpasXLfBJ4T0
EN election programm_long_version_EN